Member ginn ass virun allem een Wee fir Ären Support der Associatioun an hiren Volontairen ze weisen.
Als Member gitt Dier ob Eventer invitéiert déi vum Club organiséiert ginn, hutt Accès ob een fortgeschratten Training, an Dier dierft eng vun eisen schéinen Uniformen wärend Tournoien oder Eventer undoen 🙂
Dier kënnt no puer Seancen Sport pour Tous froen, ob Dier Member kënnt ginn, an nodeems Dier mat engem vun den Trainer geschwat hutt, deen Iech als Schüler unhëlt fir ze trainéieren.
Wann Dier schonn Erfarung hutt, bieden mir Iech mat engem vun eisen Trainer eng Seance ze maachen, fir eng Evaluatioun vun Ärem Niveau ze hunn.
Member Demanden ouni Evaluatioun vun engem Trainer kënnen ofgeleent ginn.
Fëllt den passenden Formular aus an den Comité entscheet iwwert Är Demande. Dier kritt dann eng Confirmatioun per Email an eng Rechnung fir d’Memberskaart ze bezuelen, valabel bis déi nächst Erneierung.
D’Memberskaart ass aktiv vum Moment vun der Bezuelung un.