Iwwerbléck

Wärend den Summerméint plënnert den ganzen Club mam Equipement , an den Bambësch, normalerweis vun Abrëll bis September.

Mir sinn deen eenzegen Club deen dësen Terrain benotzt, also hunn mir Accès 24/7. Mir hunn och een kléngen Schapp wou mir d’Béi an anert Equipement sécher verstauen kënnen. Am Summer gëtt dat ganzt Schaffgeschir och an den Bambësch bruecht.

Den Terrain huet fix Eleven Scheiwen ob: 18m, 30m, 50m, 60m, 70m, 90m an een kléngen Iwwerdaach am Fall vun Reen.

Mir hunn och puer mobil Scheiwen déi no Besoin ob verschidden Distanzen opgestallt kënnen ginn.

D’nächst Joer sollen och nach pur 3D Scheiwen derbäi kommen.

This image has an empty alt attribute; its file name is fo_outdoor_birds01-1-1024x1024.jpg

Eis Memberen organiséieren oft am Summer kléng Eventer wéi (Grillade, Gulash, etc). Kuckt mat hinnen ob eppes geplangt ass.

Déi lëscht Joren haten mir och een Vullen Nascht bei eiser 70m Scheif. Zwee mol d’Joer haten mir Eeër am Nascht. Fir 2020 wëllen mir Vullenhaiserscher obstëllen, dass d’Vullen net beim Schéissen stéieren

Accès

Eisen Terrain ass direkt ënnert dem Fussballterrain, an d’Entrée ass wann en den kléngen Pad erof geet vis-à-vis vum leschten Tennisterrain lénks. Mir hunn keen direkten Parking beim Terrain, mee et ass Parking 300m an 500m fort (gro markéiert).

Dier kënnt och mam ëffentlechen Transport bei eis kommen: Bus 275 (Stop Bambësch centre sportif) oder Bus 21 (Stopp Muhlenbach, Peiffeschbierg) (giel markéiert).

Kuckt d’Kaart wéi Dier ob den Terrain kommen kënnt.