Iwwerbléck
Wärend den kalen Méint (Oktober bis Abrëll) kënnen eis Memberen an eiser Indoor Hal zu Bouneweg trainéieren.
Eis Hal huet eng fixéiert Schéiss Mauer (Stréi), an et kann een bis zu 30 Meter schéissen. Wëll d’Hal net ënnerdeelt kann ginn, muss mat den aneren Athleten an dem Comité organiséiert ginn, wann eng aner Distanz wéi 18 Meter geschoss soll ginn.
Mir bidden och dat wesentlecht Schaffgeschir am Club un (Boupress, Sehnengalgen, Feilsee, …), Dier braucht nëmmen den Comité ze froen.
Eleven Scheiwen sollen nach dësen Wanter kommen. Verpasst et net !
Zougang
Eisen Schéissstand ass am Keller vun der Sportshal, 42 rue Jean-François Gangler. Wann Dier virun der Hal stitt, sinn Parkplazen ob der lénker Säit (gro markéiert), an et sinn och nach Parkplazen ob der Strooss. D’Entrée ass hannert dem Gebai an den Portier kann Iech och duerch d’Hal bis bei eisen Terrain hëllefen.
Dier kënnt och den ëffentlechen Transport benotzen, fir bei eis Hal ze kommen: Bus 5 an Bus 6 (Stop Bonnevoie, Wisestrooss) (giel markéiert)