D’Flèche d’Or ass als éischten Club zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn. D’Geschicht ëm den Club an ëm d’Bouschéissen ass deementspriechend laang.
Erfueren Athleten mee och Ufänger sinn häerzlechst Wëllkomm Member an an eisem frëndlechen an begeeschterten Club ze ginn. Trainéieren maachen mir ob eisen zwee nëmmen vun eis benotzten Terrain zu Bouneweg (Indoor Terrain, zur Verfügung vun Oktober bis Abrëll), an am Bambësch (Outdoor vun Mee bis September).
Mir offréieren an Kooperatioun mat der Ville de Luxembourg iwwert den Sport pour Tous all Donneschdeg (ausser Schoulvakanzen) vun 19:00 bis 20:30 eng Initiatioun fir jiddereen deen un Bouschéissen interesséiert ass.
Fir méi Informatiounen fir speziell oder privat Evenementer oder Teambuilding kënnt Dier eis gären kontaktéieren contact@flechedor.lu.