Sport pour tous 2019-2020
D’Seancen vum Sport pour Tous, organiséiert vun der Stad Lëtzebuerg, gëtt jidderengem d’Méiglechkeet verschidden Sportaarten zum attraktiven Präis ze probéieren.
D’Flèche d’Or ass säit villen Joren Partner, an proposéiert wöchentlech Seancen fir d’Basis vum Bouschéissen ze léieren.
D’Seancen ginn all Donneschdeg Owes, vun 19:00 bis 20:30 ofgehale (ausserhalb vun Feierdeeg an Schoulvakanzen).
Dier braucht keng Réservatioun ze maachen.