Den Sport pour Tous ass eng Initiative vun der Staat Lëtzebuerg mam Ziel dass d’Leit verschidden Sportaarten méi liicht kenneléieren kënnen, déi um Territoire vun der Gemeng accessibel sinn.

Méi Informatiounen iwwert den Sport pour Tous kënnt Dier ob der Internet Säit vun der Staat fannen, wou Dier Iech och aschreiwen kënnt.

D’Flèche d’Or ass säit villen Joren Partner vun der Gemeng Lëtzebuerg bei dësem Projet, an mir halen dësen Stage dat ganz Joer iwwer.

Fir d’Saison 2019-2020, d’Sessiounen sinn ëmmer Donneschdeg ausser Feierdeeg an d’Schoulvakanzen, vun 18h30 bis 20h00, entweder zu Bouneweg oder am Bambësch, ofhängeg vun der Joreszäit.

Wéi kënnt Dier deelhuelen?

Dier braucht keng Plaz ze reservéieren, Dier braucht just bei eis ze kommen esou bal Dier eng Kéier bei der Gemeng ageschriwwen sidd (mir hunn och puer Formulairen sur Place, déi mir wann Dier Iech déi éischt Kéier aschreift, der Gemeng weiderleeden).

Kommt roueg eng véierel Stonn ier et ugeet, dass Dier Iech mat der Platz an der Trainer familiariséieren kënnt.

Kanner kënnen ab 14 Joer deelhuelen. Mir hunn leider keen passend Material fir méi jonk Kanner.

D’Equipement

Mir stëllen dat ganzt Material wat fir ze Schéissen gebraucht gëtt (Béi, Feiler, Protektiounen), mee Dier musst an Sportskleedung kommen déi fir ze Schéissen ugepasst sinn:

  • Komfortabel Schong (Schong déi kéng Markéierungen hannerloossen). Dier stitt wahrscheinlech déi ganz Sessioun.
  • Enk uleiend Kleeder, mir kommen fir keen Schued bei Ären Kleeder ob, deen duerch d’Sehn oder den Bou verursaacht gouf. Mir maachen eis Bescht, dass fir Sécherheet gesuergt ass, mee verschidden Aspekter am Bouschéissen huet een keen Afloss drop, esou wéi all Sportaart hier Risiken huet.
  • Gutt Laun: et soll awer virun allem eng Aktivitéit sinn déi Spaass mëscht. Och wann d’Schéissen um Ufank wahrscheinlech schwéier ass, gitt et net direkt op!

D’Sécherheet

Mir suergen dofir dass Dier an d’Trainer sécher duerch d’Sessioun kommen.

Wann Dier awer d’Reegelen vun der Sécherheet net respektéiert, an leider och d’Rappeller vun den Trainer, huelen mir eis d’Recht fir Athleten vum Terrain ze huelen. Mir kommen fir keen Remboursement ob.

Mir sinn och konsequent mat Athleten déi d’Material vum Club net respektéieren.

Schlecht Wierder

Wann den Sport pour Tous am Bambësch organiséiert gëtt, stinn d’Athleten dobaussen fir ze schéissen ouni Iwwerdaach.

Soulaang et keen Donnerwieder ass, ginn d’Seancen normalerweis gehalen, och bei liichte Reen oder Wand. Am Fall wou en Seance ofgesot gëtt, ass et net virgesinn déi Seance ob engem aneren Dag nozehuelen.

Nächsten Training

No event found!