Mir bidden och privat Sessiounen un fir Gruppen vun Leit (Gebuertsdag, Schaff, Teambuilding…). Dës Eenheeten daueren ronn 3 Stonnen, mee d’Dauer kann adaptéiert ginn.

D’Sessiounen hunn awer gewëssen Konditiounen:

  • d’Participants mussen iwwer 14 Joer al sinn
  • den Grupp dierf net méi wéi 20 Persounen sinn (dat garantéiert, dass jiddereen och genuch schéissen kann)
  • dës Eventer kënnen nëmmen no Disponibilitéit vun eisen Memberen gemaach ginn (normalerweis no 17h oder den Weekend).

D’Konditiounen fir dës Evenementer sinn déi selwecht wéi déi vum Sport pour Tous. Mir stëllen d’Béi fir ze schéissen bereet an d’Leit sollen passend Kleeder undoen.

Mir kënnen och fir Gedrénks an eppes kléngs fir z’Iessen suergen.

Fir méi Informatiounen wéi Präisser oder wéini mir disponibel sinn, kënnt Dier eis gären Kontaktéieren.