All Athlet deen bei engem Tournoi derbäi wëll sinn, muss eng Lizenz bei der Lëtzebuerger Bouschéissfederation (FLTA) maachen. Dier braucht kéng Lizenz fir am Club dierfen ze trainéieren, mee den Präis vun der Lizenz ass an der Memberskaart mat dran, an Dier hëlleft zu engem kléngen Deel der Federatioun.
D’Demande ass een Prozess vun e puer Schrëtt.
Sot als éischt engem vum Comité oder der Persoun déi Iech trainéiert Bescheed, dass Dier eng Lizenz wëllt. Déi Leit sinn Capabel Äert Schéissen z’evaluéieren an Iech déi néideg Instruktiounen iwwert een Turnéier ze ginn, déi Dier wëssen musst.
Dono musst Dier een RDV beim Médico maachen (dat kascht näischt) an engem vun den Centers médico sportifs zu Lëtzebuerg. Den Dokter schéckt d’Resultat dann un d’Federatioun an un den Club.
Am Fall wou Dier nëmmen Temporär apt oder net apt wiert, kritt Dier een Bréif heem wou dran steet, dass Dier nach eng Kéier bei Ären Hausdokter goen sollt oder bei een Spezialist.
Dann fëllt den Sekretär den Formular bei der FLTA aus mat den néidegen Donnéeën deen Dier ënnerschreiwen musst:
- Numm, Familljennumm
- Gebuertsdatum
- Adress
- Wunnsëtz
- Gebuertsland
- Nationalitéit
Den Formular gëtt dann bei d’Federatioun geschéckt wou d’Ufro akzeptéiert oder refüséiert gëtt.
Wann d’Lizenz akzeptéiert gëtt, kritt Dier d’Rechnung fir déi éischt Lizenz ze bezuelen an och eng Kopie vun der Lizenz.